Lëtzebuerger MedezinnerJoannis Panotopoulos gëtt Chef vun der orthopedescher Chirurgie zu Gmunden

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Medezinner Joannis Panotopoulos iwwerhëlt d'Leedung vun der orthopedescher Chirurgie am "Salzkammergut Klinikum" zu Gmunden an Éisträich.
Symbolbild
Symbolbild
© pexels.com / Pavel Danilyuk

Dat mellen éisträichesch Medien e Méindeg. Deemno wäert de Joannis Panotopoulos säi Posten als Chef vun der Orthopedie an der orthopedescher Chirurgie am “Salzkammergut Klinikum Gmunden” op den 1. Januar d’nächst Joer untrieden.

De Joannis Panotopoulos kënnt aus Lëtzebuerg an huet zu Wien Medezin studéiert. Hie schafft a fuerscht zanter 20 Joer um Gebitt vun der Orthopedie. 2012 huet hie seng Spezialisatioun an der Orthopedie an der orthopedescher Chirurgie ofgeschloss. 2019 ass eng Spezialisatioun an der Traumatologie dobäi komm.

Wärend senger Karriär war de Joannis Panotopoulos ënner anerem Chef vun der Tumor-Orthopedie am Universitéitsspidol zu Wien.

Back to Top
CIM LOGO