Affär Pim KnaffJoëlle Welfring wiert sech géint Kritik un Escher Gréng

RTL Lëtzebuerg
Déi fréier Ëmweltministesch an aktuell Deputéiert wiert sech am Kader vum Ëmgang mam verurteelten Escher Schäffe Pim Knaff géint d'Kritik un hirer Partei.
© Eric Ebstein

De Pim Knaff, dee jo net wëlles huet, wéinst aggravéiertem Steierbedruch zeréckzetrieden, krut dës Woch vun de Koalitiounspartner CSV an deene Gréngen de Réck gestäipt. Déi Escher Gréng hätte verurteelt, wat de Pim Knaff gemaach huet, wougéint deem seng Partei d’DP sech schützend virun e gestallt hätt.

An elo géifen déi Gréng un de Pranger gestallt ginn, well eng aner Partei Feeler mécht. Nëmme well déi Gréng sech derfir entscheet hätten, fir weider gestalten ze wëllen. Dat kann d’Joëlle Welfring net verstoen.

RTL-News: Verurteelte Pim Knaff demissionéiert net: Escher CSV an Déi Gréng halen um Koalitiounsprogramm fest

Back to Top
CIM LOGO