
D'steierlech Recettë vun der Banken-, Fongen- an Assurancë-Plaz maachen iwwer dräi Véierel vun de gesamte Recettë vun der Kierperschaftssteier aus – am Joer 2023 waren et nach just 70 Prozent. Aus der Äntwert vum Finanzminister Gilles Roth op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéierter Sam Tanson geet ervir, datt d'lescht Joer ronn 2,97 Milliarden Euro vun alles an allem ronn 3,84 Milliarde vun der Finanzplaz era gespullt goufen.
Vun 2023 op 2024 wieren d'Recettë vun der Finanzplaz och ëm 18,6 Prozent gewuess an d'Joer drop nach emol ëm 33,3 Prozent.
Als Invité vun der Redaktioun sot de Finanzminister e Méindeg de Moien, d'Recetten a Punkto Kierperschaftssteier wieren dank enger dynamescher Finanzplaz an den éischte sechs Méint vum Joer scho "wäit iwwert enger Milliard Euro" méi héich wéi am selwechten Zäitraum d'Joer virdrun.
D'Zuele schwätzen eng kloer Sprooch: Lëtzebuerg ass ëmmer méi ofhängeg vun der Finanzplaz.