D’Famill vum Robert Frank geet scho ganz laang an dësem Miseler Eck op d’Juegd. Zënter 2021 këmmert de Staat sech ëm d’Lous 620, a well op deem keng Klappjuegten organiséiert géifen, wier d’Populatioun vun de Wëllschwäin esou därmoossen explodéiert. Eng Fal wier keng Léisung, par conter begréisst de Juegdhär d’Propos vun der Naturverwaltung, zesummen eng Léisung auszeschaffen.
Et ass net fir d’éischt, dass de Robert Frank sech driwwer opreegt, dass do ënne bei de Baggerweiere keng Klappjuegte méi sinn. Jo, et waren ëmmer scho vill Schwäin hei op der Musel, seet hien, awer ni esou vill wéi elo. Den Haff Réimech nennt hien, well se sech do ongestéiert géifen ophalen, eng Maternité fir Wëllschwäin.
50 Joer géif seng Famill schonn do an der Géigend joen. Hie wéisst, wat wou géing lafen, weist eis déi sougenannt Autobunnen op den Terrainen vu Bauer a Wënzer.
Eng Fal – déi falsch Optioun, mengt de Juegdhär, an erkläert, dass hie grad ewéi eng jett aner Jeeër mam Wëldschued vun de Bauere geplot wier. Well de Staat net genuch géing maachen.
Vun 2021 bis 2024 wiere just Etude gemaach, mee näischt geschoss ginn. U sech wier eng Fal an enger Naturschutzzon per Gesetz strikt verbueden, erkläert den Noper. An da géif et eben iwwer d’Naturschutzgesetz gemaach ginn, iergert hie sech.
D’Fal benotze mir als Ergänzung zum Usëtzen, also zum Schéisse vum Héichsëtz erof – erkläert d’Marianne Jacobs, als Responsabel vun der Naturverwaltung. D'Anf zielt op hirem Lous, zënter November 2024, 114 Schwäin, déi deels geschoss, deels gefaangen an dunn erschoss goufen. Den Noper zielt der zejoert, bei sech, 80.
Op der 1. Klappjuegd hätte si deemools, vis-à-vis vum Haff Réimech, just dräi Schwäi geschoss, trotz den "Autobunnen" duerch d’Wéngerten a Felder, seet de Robert Frank a geet dovunner aus, dass deen Ament nach eng 80 Stéck am Schilf louchen. D’Naturschutzgebitt mam Waasser wier hir Klimaanlag.
Wat also elo maachen en vue vun engem bessere Bilan? Dass ze vill där Déieren do sinn a waren, kontestéiere béid Säiten net. An dass zesummen no Léisunge soll gekuckt ginn, begréisst och den Noper, deen dann awer bedauert, dass zënter Abrëll, wou d’Naturverwaltung dëse Rendez-vous proposéiert hätt, näischt méi komm wier. Iwwregens: den Text vum Juegdgesetz, dat op en neits geännert gëtt, soll nach virun der Vakanz an der Chamber deposéiert ginn. Am Virfeld wëll bis elo keen offiziell mat Detailer erausréckelen.