
De Xavier Bettel huet effektiv d’israeelesch Regierung op en Neits kritiséiert. Engersäits wéinst dem Leed an Haass, deen d’israeelesch Militäroperatioun a Gaza a weidere Siidlungen op palästinenseschem Gebitt verursaachen. Anerersäits well se d’internationaalt Recht ignoréiere géing.
Dowéinst huet de jordaneschen Ausseminister och gefuerdert, datt den UNO-Sécherheetsrot eng sougenannt “Kapitel 7 Resolutioun” unhëlt, déi Aktiounen an d’Weeër géing leeden, fir de Krich op en Enn ze bréngen. Konkret huet den Ayman Safadi hei u Sanktioune géint Israel geduecht, oder nach e Stopp vu Waffeliwwerungen. “Israel lauschtert op kee méi, emol net op seng enk Alliéiert”, esou de jordaneschen Ausseminister. Wann d’Welt sech awer eens wier, datt de Krich misst ophalen, da missten déi Instrumenter agesat ginn.
Wat eng Zwoustaateléisung ugeet, do ass och fir Jordanien d’Organisatioun fir d’Liberatioun vu Palästina den Uspriechpartner. De jordaneschen Ausseminister huet awer och gemengt, datt Hamas net mat Bomme kéint zerstéiert ginn, well d’Hamas eng “Iddi” wier. Den Ayman Safadi ass der Meenung, datt een eng Alternativ an de Käpp vun de Leit misst ubidden. Dofir misst awer de Krich ophalen, well - esou béid, de jordaneschen an de Lëtzebuerger Ausseminister - den Haass op béide Säiten nëmme géing zouhuelen.