WaasserbëllegJugendleche leeft vun Dräibuer fort a gëtt bei Abroch an Auto gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch waren zwou Persoune bei engem Abroch an en Auto erwëscht ginn. Ee vun hinne konnt flüchten, deen anere koum zeréck op Dräibuer.
© RTL

Kuerz virun 1 Auer war dem 113 en Abroch an en Auto zu Waasserbëlleg gemellt ginn. Aenzeien, déi déi Onéierlech dobäi erwëscht hunn, war et gelongen, ee vun hinnen am Auto anzespären, bis d’Police op der Plaz war. Deen anere konnt flüchten.

Um Policebüro huet sech méi spéit erausgestallt, datt de gepëtzte Verdächtegen aus dem Centre socio-éducatif de l’Etat Dräibuer fortgelaf war. De Parquet, deen iwwer de Virfall informéiert gouf, huet decidéiert, de Jugendlechen zeréck op Dräibuer ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO