
Zu Uespelt gouf et eng Rebellioun géintiwwer Polizisten. D’Police war e Mëttwoch den Owend géint 23 Auer an d’Munnerefer Strooss geruff ginn. Do gouf et e Sträit tëscht zwee Jugendlechen. Deen een huet deen anere mat enger gliese Fläsch op de Kapp geschloen.
De presuméierten Täter war mannerjäreg a war staark alkoholiséiert. Wéi d’Police op d’Plaz koum, huet de jonke Mann sech massiv gewiert, engem Polizist an d’Gesiicht geschloen an eng Beamtin mam Fouss an de Bauch gerannt.
Méi spéit an der Klinik huet hien och geschloen, gejaut a gespaut. De Jugendleche gouf an déi zouen Unitéit UNISEC op Dräibuer bruecht. Et gouf Plainte géint hie gemaach.