
Am spéiden Dënschdegnomëtteg gouf zu Bouneweg e Jugendleche vun dräi anere Jugendleche festgehalen a beklaut. Och sinn d’Täter géigeniwwer dem Affer handgräiflech ginn.
E weideren Déifstall mat Handgräiflechkeete gouf et dann Dënschdegowes an der Rue Nicolas-Ernest Barblé am Rollengergronn. Hei krut e Mann vun engem Täter säin Handy geklaut.
An der Rue d’Epernay am Garer Quartier hat och en Dënschdegowend eng Residente en Onéierlechen erwëscht, wéi dësen amgaange war Géigestänn aus engem Auto ze klauen. Wéi hien erwëscht gouf, huet en d’Saache fale gelooss an ass geflücht.
An der Nuecht op e Mëttwoch koum et an der Stater Montée de la Pétrusse dann och nach zu engem Abroch an en Auto. Hei war d’Fënster ageschloe an d’Gefier duerchwullt ginn.
D’Police weist an deem Kontext op eng Rei präventiv Rotschléi hin, mat deenen ee sech virun Déifställ aus Autoe schütze kann. De Link dozou fannt Dir hei.