
Am leschten Trimester zejoert hunn hei am Land 485.000 Salariéë geschafft, 47% dovunner ware Frontalieren. Méi wéi d’Hallschent vun deene Grenzgänger wunnt a Frankräich.
58% vun de Salariéë si männlech. 7% vun de Männer schaffen Deelzäit, bei de Frae sinn et knapp 31%, wat liicht iwwer der europäescher Moyenne ass.
3 vun 10 Leit fille sech ënnerbezuelt.
