Zanter dem 5. Januar gëtt et d‘Kierperkonscht wéinst enger EU-Reglementatioun momentan awer just nach a schwaarz a gro Téin. D‘Anne Wolff war an engem Stater Tattostudio kucke, wéi et elo fir Tattoofans weider geet.Ongewëss Zäite fir de Marion Thill, Propriétaire vun engem Tattoostudio an der Stad. Zanter dem 4. Januar duerfe seng Tätowéierer keng faarweg Tënt méi benotzen.
De Grond: D‘EU-Reglementation REACH verbitt vun dësem Joer un eng 4000 Substanzen. Se gëllen an der EU als méiglecherweis allergene oder kriibserreegend, sinn awer a bal all Faarwen dran. D‘Nächst Joer gëtt dann nach e Blot an e Gréngt Pigment verbueden.
Déi al Tënt muss also fort. Stammcliente wéi d‘Julie Zeihen mussen elo ob eng EU-konform Alternativ waarden:
„Mir haten elo d‘lescht Joer mat mengem Tattoo ugefaangen. Bis elo déi nei Faarwe komme, maache mir just déi schwaarz Schattéierungen.“
Och wann d‘Monotonie aus Schwaarz a Gro vläicht geschwënn eriwwer ass, stinn d‘Tätowéierer och mat den neie Faarwe virun e puer Schwieregkeeten, erkläert de Marion Thill:
„D‘Faarwe sinn duebel esou deier wéi déi virdrun a mir mussen e ganz neie Set fir all Tätowéierer kafen. Da kënnt dobäi, dass d‘Faarwen immens séier vergraff sinn, esou dass een sech do bäimaache muss“.
De Marion Thill ass net prinzipiell géint eng Reegelung. Fir hie feelen awer Donnéeë an den Etüden. Och iwwert Halbarkeet an d‘Faarwintensitéit vun den neie Faarwen wier nach näischt gewosst. Virum neie Joer war d‘Nofro dowéinst grouss, fir nach mat der aler Tënt tätowéiert ze ginn. Den zoustännege Ministère weist Versteesdemech fir d‘logistesch Problemer vun den Tattooshops a gëtt der Branche nach e Mount Sputt.