Schwiereg Situatioun am Horeca-SecteurKafkraaft muss erhale bleiwen, fir entgéintzewierken, sou de Lex Delles

Lynn Cruchten
Den Horeca-Secteur huet sech zejoert weider gutt vun der Pandemie erholl. Dat schreift den nationale Statistiksbüro Statec a senger neister Analys.
Situatioun bleift schwiereg
Horeca-Secteur nach ëmmer net um Niveau vu virun der Pandemie.

Ma de Secteur ass nach ëmmer net um Niveau vu virun der Kris ukomm. Deemno sinn 2020 am Secteur vun der Hotellerie, der Restauratioun an de Caféen eng 40 Prozent manner Sue verdéngt ginn. An och wann d’Valeur ajoutée am Horeca zanterhier erëm e gutt Stéck an d’Luucht gaangen ass, ass se nach ëmmer net um Niveau vun 2019 ukomm a schéngt zanter dem Summer zejoert och ze stagnéieren.

“Eis Margen si wierklech am Keller”, esou beschreift d’Horesca déi aktuell Situatioun am Secteur. Zwar wiere genuch Clienten do an et géif een an der Moyenne méi Ëmsaz maachen, mä d’Käschte wiere därmoossen explodéiert, dass d’Gewënner fir Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren konstant no ënne ginn. Méi kleng Betriber wiere besonnesch betraff. Och de Personalmanktem mécht viru Suergen.

Den Emploi am Horeca huet d’Pandemie manner schlëmm getraff, wat wuel zu engem groussen Deel op de Chômage partiel zeréckzeféieren ass, esou de Statec. Antëscht schaffen esouguer méi Leit am Secteur wéi nach am Joer 2019. Déi meeschten Aarbechtsplaze ginn et an der klassescher Restauratioun, an de Kantinnen a bei den Traiteuren. Méi schwiereg schéngt d’Situatioun an der Hotellerie a bei de Caféen ze sinn.

De Statec geet allerdéngs net dovun aus, dass d’Situatioun dat ganzt Joer iwwer esou positiv bleift. Dat well sech engersäits d’Zuel vun de geschaffte Stonnen iwwert déi lescht Trimester agependelt huet an et zweetens ëmmer manner oppe Plaze ginn. Derbäi kënnt, dass Entreprisen an der Restauratioun zanter Mëtt zejoert manner zouversiichtlech sinn, wat d’Demande ugeet.

Dem Lex Delles no ass d’Erhale vun der Kafkraaft e wichteg Element, fir de Problem an de Grëff ze kréien

De Wirtschaftminister Lex Delles am RTL-Interview
Dem Lex Delles no ass d’Erhale vun der Kafkraaft e wichteg Element, fir de Problem an de Grëff ze kréien.

E Méindeg den Owend war an deem Kader de Wirtschaftsminister Lex Delles am Journal live am RTL-Interview. Ufank nächst Joer wäerte jo d’Deckelungen op d’Präisser vu Stroum, Gas a Masutt auslafen. Dem Statec no kéint deemno de Präis vum Stroum ëm 60% klammen, dee vum Gas ëm 17%.

A genee hei wéilt Regierung e Wee fannen, esou de Wirtschaftsminister, et géif iwwert e “phasing out” nogeduecht ginn an och kloer Proposen fir d’Betriber ausgeschafft ginn, also e lues a luest Erausklammen aus den Energie-Hëllefen vum Staat. D’Kafkraaft vun de Leit muss erhale bleiwen an dofir hätt d’Regierung huet jo steierlech Mesure geholl ufanks dës Joers geholl, fir dass dat de Fall wier.

Dass dëst manner am Beräich vun der Gastronomie ze spiere wier, wär dem wirtschaftlecht Ëmwelt zu groussen Deeler ze verschëlden, sou de Lex Delles, dee betount, dass déi lescht 2 Semesteren eng Regressioun beim PIB ze verzeechnen ass. A grad hei am Beräich lafen d’Aiden och nach just bis Juni vun dësem Joer. Hei wier et dann essentiel, d’Betriber ze begleeden, fir an erneierbar Energien z’investéieren. Hei ginn et nach Hëllefen bis Enn dës Joers, fir kleng Betriber bis zu 70% vum Invest-Montant, bei mëttlere Betriber ass et 60% a bei grousse Betriber nach 50%, dat niewent den Aiden, déi den Ament nach parallel geleescht ginn. En géif en neie Regimm vun Aiden ausgeschafft ginn, dat virun allem am Beräich vun der nohalteger Energie, sou de Minister Delles.

Energie-Aide fir Privatleit, beispillsweis Zoulagen fir Solar-Anlagen, lafen am Summer aus. Och hei géif schonn un neie Weeër geschafft ginn an de Ministèren, fir d’Energie-Transitioun ze meeschteren. D’Regierung géif och kloer fir den Index stoen, dee bräicht een, fir d’Kafkraaft z’erhalen.

Eng direkt Begleedung an Hëllef fir déi digital Transitioun, virun allem fir kleng a mëttel Betriber, soll dann ënnert anerem a Form vum “SMI Package digital”. Dëst ass e Voucher-System vu 5.000 Euro fir zum Beispill e Computer installéiert ze kréien, dat mat den néidege Programmer fir méi digital a sou méi produktiv engem Betrib ze ginn. Dëst als ee Beispill, vun enger Rei aneren Hëllefen a Primmen.

Ofschléissend weist de Minister sech och zefridde iwwert d’Zuelen am Tourismus, déi natierlech wichteg sinn, an dem Horeca-Secteur gutt deet.

Schreiwes vum Statec.

Back to Top
CIM LOGO