Samu op der PlazKand zu Déifferdeng vun Auto ugestouss

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS waren e Freidegowend respektiv an der Nuecht op e Samschdeg bei 4 Accidenter am Asaz.

Dat ënner anerem, wéi um 18 Auer an der Avenue Charlotte zu Déifferdeng e Kand vun engem Auto ugestouss gouf. Nieft der Ambulanz an de Pompjeeën aus dem Asazzenter Sadiff, war hei och de Samu vun Esch op der Plaz.

En Accident mat 3 Blesséierte gouf et dann, wéi géint 21 Auer en Auto an der Route de Bascharage zu Nidderkuer e Potto ze pake krut. Hei waren d’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an d’Ambulanze vun Esch a Péiteng am Asaz.

Jeeweils ee Blesséierte gouf et da bei zwee Accidenter u fréie Samschdegmoien. Géint 0.20 Auer war en Auto an der Rue Auguste Hansen zu Waasserbëlleg an e Potto gerannt a géint 0.55 Auer war en Auto zu Kietscht an der Rue de la Paix an de Gruef geroden.

Iwwerdeems hat géint 3.30 Auer en Auto zu Rëmeleng Feier gefaangen. Hei ass beim Materialschued bliwwen.

Ee weideren Accident mat engem Blesséierte gouf et da géint 9.50 Auer um Samschdegmoien. D’Ambulanz aus der Nordstad an d’Pompjeeë vu Reisduerf goufen zu Reisduerf an d’Rue Beaufort geruff, nodeems do e Motocyclist mat sengem Gefier gefall ass.

Back to Top
CIM LOGO