ZeckebëssKann Allergie op rout Fleesch provozéieren

RTL Lëtzebuerg
D'Bëschzecken zu Lëtzebuerg kënnen nieft der Borrelios och eng Allergie op rout Fleesch ausléisen.
Zeckebëss kann Allergie op rout Fleesch provozéieren
D’Bëschzecken zu Lëtzebuerg kënnen nieft der Borrelios och eng Allergie op rout Fleesch ausléisen.

Ursaach ass eng Zockermolküll mam Numm “Alphagal”, déi an den Zecken hirem Spaut enthalen ass. Beim Bëss ka se iwwerdroe ginn. Well de Mënsch dës Moleküll net hätt, géif d’Immunsystem se als Friemkierper erkennen a kéint Antikierper entwéckelen, erkläert d’Dr Christiane Hilger vum LIH, déi scho méi laang um Sujet fuerscht. D’Zockermoleküll Alphagal ass och am roude Fleesch enthalen. Wann e Betraffenen es ësst, kann en drop reagéieren.

D’Reaktioun ass déi selwecht wéi bei anere Liewensmëttelallergien.“Do huet ee vill Daarmbeschwerden, dat kann Duerchfall sinn, Krämp, sech iwwerginn”, seet d’Fuerscherin vum Luxembourg Institute of Health. A vereenzelten, uerge Fäll kéinten och liewensgeféierlech Reaktiounen optrieden. D’Diagnos vun der Allergie op rout Fleesch ass schwéier, well d’Symptomer meeschtens eréischt 2-6 Stonne no der Consommatioun vu roudem Fleesch optrieden, d’Patienten deemno keen Zesummenhang erkennen.

Eng Behandlung gëtt et net. Dat wichtegst wär d’Diagnos iwwer e Blutttest an ofkläre loosse mam Dokter, ob d’Symptomer passen, seet d’Dr Hilger.

Déi gutt Nouvelle: d’Allergie kann op Dauer nees ewechgoen. Ënnert der Viraussetzung, datt een net méi vun enger Zeck gebass gëtt an eng Zäit laang kee rout Fleesch méi ësst.

Wéi vill Prozent vun de Leit no engem Zeckebass eng Allergie op rout Fleesch entwéckelen, muss nach erfuerscht ginn. Gewosst ass awer, datt 1-2% vun der Populatioun Antikierper huet.

Back to Top
CIM LOGO