D’Gewerkschaften an d’Patronat sëtze fir d’éischte Kéier zanter de Sozialronnen am Juli an am September nees un engem Dësch an zwar hei op RTL. Am Background dëse Samschdeg sinn d’OGBL-Presidentin Nora Back an de President vun der Unioun vun den Entreprisë Michel Reckinger invitéiert.
Zur Ërennerung: d’Gewerkschaften haten am Oktober d’virlescht Joer, also viru bal 16 Méint, de permanente Beschäftegungscomité (CPTE) verloss. Eng Rei Sujeten aus dem CSV-DP-Koalitiounsaccord bleiwen awer ze beschwätzen an de Beräicher Aarbechtszäitorganisatioun, Mindestloun a Plattform Economie. Dat virum Hannergrond vun der disruptiver Kënschtlecher Intelligenz, der neier internationaler Lag, rietsnationalisteschen Tendenzen an dem permanente Logementsproblem.
Mir froen d’Nora Back an de Michel Reckinger, wat hir éischt Impressioune vum neien Aarbechtsminister Marc Spautz sinn a wat d’Virausetzunge sinn, fir nees mateneen ze verhandelen. Mir probéieren erauszefannen, ob de Sozialdialog ka relancéiert ginn oder d’Divergenze weider ze grouss sinn
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.