Sou zum Beispill um Nikloskierfecht um Lampertsbierg. Mat senge 5 Hektar ass et dee gréisste Kierfecht um Territoire vun der Haaptstad.
Vill Leit hate sech bei de Griewer vun hire Verstuerwene versammelt, fir am Stëlle Gedenken u si ze denken a sech hirer z’erënneren. A senger Usproch huet de Kardinol dorop hi gewisen, dass d’Liewen endlech wier.