22 nei Petitioune kënnen online ënnerschriwwe ginnKarfreideg als gesetzleche Feierdag, Mobbinggesetz an CNS-Remboursementer

RTL Lëtzebuerg
Zanter dësem Dënschdeg kënnen iwwer 20 nei Petitiounen online ënnerschriwwe ginn. D'Fuerderunge ginn nees vu bis.
© RTL Grafik

Zanter en Dënschdeg de Moie sinn 22 nei Petitiounen online, déi bis de 17. Juni op d’mannst 4.500 Ënnerschrëfte musse beienee kréien, fir dass se ëffentlech an der Chamber debattéiert ginn.

D’Fuerderunge vun de Petitionäre gi wéi ëmmer vu-bis:

Karfreideg soll beispillsweis e gesetzleche Feierdag ginn.

D’Unzuel vun de Congésdeeg “pour raisons familiales” soll fir Familles monoparentales verduebelt ginn.

D’Streck tëscht Réiden a Bieles soll net zougemaach ginn.

De Klappenauspuff um Auto soll an enger Wunnzon verbuede ginn.

Medikamenter fir Kanner sollten zu 100% vun der CNS rembourséiert ginn.

De Verbuet vu Spillautomaten a Bistroen an op ëffentleche Plazen.

D’Mobbinggesetz misst iwwerschafft a verbessert ginn. Oder et gëtt gefrot, dass d’Recht op e Schwangerschaftsofbroch an d’Verfassung ageschriwwe gëtt.

Den Iwwerbléck vun all de Petitioune fannt Dir op Petitiounen.lu.

Back to Top
CIM LOGO