
Ënner anerem ginn d’Enseignanten elo um Bachelor-Niveau rekrutéiert a kommen an d’A2-Karriär. Déi aktuell Chargéë ginn op den 1. Januar 2023 an d’Gruppe B1 respektiv A2 reklasséiert. En Accord, deen den Inneministère leschte Summer mat den Associatioune fonnt hat, krut vum Staatsrot eng Opposition formelle. Den neien Text ännert um Fong vun deem Accord awer näischt.