
Am Géigesaz zu enger Adoptioun soll der Regierung no beim Placement ëmmer d’Zil sinn, zréck bei d’biologesch Elteren ze goen, wann dëst am Interessi vum Kand ass. Fleegeeltere sollen awer e Recht op e Congé d’accueil hunn, wa si fir de Statut Volontaire optéiert hunn. Aktuell ginn et eng 480 Fleegefamilljen - virun 10 Joer waren et der manner wéi 200.
Wann de Gesetzesprojet iwwert den Accueil en famille bis gestëmmt ass, gëtt dëse reforméiert a laangfristeg promouvéiert. Sou gesäit den Text vir, datt d’Fleegefamilljen d’Wiel tëschent dräi rechtlech kloer definéierte Statute kréien. Et sinn dëst de fräiwëllege Statut, e spezielle Statut, wann d’Aktivitéit vun engem noe Familljemember gemaach gëtt, an de Statut vum engem Independant.
Dës Informatioune liwweren d’Ministeren Hahn, Meisch an Deprez op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten-Deputéierte Clement a Polidori.