Dräi Joer Krich an der Ukrain"Kee gleeft u friddlech Absichte vum Putin"

Christophe Hochard
D'Ukrainer sinn determinéiert, fir weider ze kämpfen, och no 3 Joer Krich. Member an der NATO ze ginn, ass fir d'Ukrain wichteg.
© Laurent Zeimet

Op d’Solidaritéit vun Europa gëtt weiderhi gesat.

Eng 30 Parlamentarier aus der EU a Groussbritannien waren op Besuch zu Kiew. Dorënner och de Lëtzebuerger Laurent Zeimet, Vizepresident vun der aussepolitescher Chamberkommissioun. Enner anerem gouf et eng Entrevue mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj.

Bei der Visitt goung et drëms, Solidaritéit mat der ukrainescher Populatioun ze weisen. Dräi Joer nom Ugrëff vun de Russen op d’Ukrain. “D’Solidaritéit, déi mir als Europäer der Ukrain entgéintbréngen, ass u sech näischt par Rapport zu deem, wat si ablécklech mussen aushalen an erliewen”, sou de Laurent Zeimet am RTL-Gespréich. “De President Selenskyj ass dankbar fir eis Visitt. “D’Ukrainer wäre ganz determinéiert”. Dëst erzielt eis de Lëtzebuerger no der Entrevue.

De Laurent Zeimet (1)
Eng 30 Parlamentarier aus der EU a Groussbritannien waren op Besuch zu Kiew.

An der ukrainescher Haaptstad war d’Entrevue tëscht den europäesche Vertrieder an de Responsabel vun der Ukrain. D’Liewen zu Kiew géif der Normalitéit gläichen. “E Liewen ewéi an all aneren europäesche Stied”. Sou de Vizepresident vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Laurent Zeimet. “Wat an d’A stécht, si Panzer a vill Zaldoten, vill Militär. Et fält op, dass d’Land sech net an enger normaler Situatioun befënnt.”

An der Ukrain géife se weiderhin op d’europäesch Solidaritéit zielen. D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen wär och rezent an der Krichsregioun gewiescht, fir des Solidaritéit nach eemol z’ënnersträichen. “Et wär den Ukrainer wichteg, an der aktueller Situatioun net eleng gelooss ze ginn”, sou de Laurent Zeimet am RTL-Interview.
D’Nopeschlänner vun der Ukrain géifen an Angscht liewen.

De Laurent Zeimet (2)
Eng 30 Parlamentarier aus der EU a Groussbritannien waren op Besuch zu Kiew.

Fir de President Wolodymyr Selenskyj wär et fir d’Europäer am beschten, wann d’Ukrain kéint an d’NATO-Bündnis opgeholl ginn. “Si wëlle Sécherheetsgarantien, egal wat fir een Ofkommes si mat den Amerikaner maachen”, sou de Laurent Zeimet. “Kee gleeft an der Ukrain oder an den Nopeschlänner, dass de President Putin friddlech Absichten an Zukunft hätt”.

De Laurent Zeimet (3)
Eng 30 Parlamentarier aus der EU a Groussbritannien waren op Besuch zu Kiew.

An der Ukrain ziele se drop, dass d’Europäer hir Verantwortung iwwerhuelen an hir Defense stäerken. “Si ënnerstëtzen. Finanziell, moralesch a militäresch”, seet de Laurent Zeimet um Enn vum Interview.

Back to Top
CIM LOGO