
Als Reaktioun op dem Orban säi Cavalier-Seul huet d’Kommissiounspresidentin Von der Leyen decidéiert, datt EU-Kommissären informell EU-Conseile wäerte boykottéieren an datt do nëmmen sollen héichgestallt Fonctionnairen vertruede sinn.
Vun esou engem Boykott hält d’Lëtzebuerger Regierung näischt: Wéi et vun de Ministere Bettel a Frieden heescht, wier et wichteg, d’Lëtzebuerger politesch Positiounen och weiderhin um Niveau vun den EU-Conseilen ze vertrieden.
Deemno géifen d’EU-Conseilen ënner ungarescher Presidence och net boykottéiert ginn an d’Lëtzebuerger Ministeren géifen weider un dëse Reuniounen deelhuelen.
D’Thematik hat d’gréng Deputéiert Sam Tanson an enger parlamentaresch Fro opgeworf.