
Am Dezember 2020 war de Marcel Humbert als Schäffen zeréckgetrueden, dat net aus fräie Stécker, mee op Wonsch vu senger Partei. D’Joer drop war et dunn zu engem Eclat beim Vott vum Keeler Budget komm, wéi de Marcel Humbert d’Budget-Propositioun net matgedroen huet, well hie kee Vertraue méi an de rout-grénge Schäfferot hat.
Domat huet hien der LSAP no laange Joren de Réck gedréint. Bei de leschte Gemengewalen hat de Marcel Humbert net méi kandidéiert.
2017 war hien hannert dem deemolege Buergermeeschter John Lorent deen Zweet-gewielten op der LSAP-Lëscht.
An enger éischter Versioun vun dësem Text ass den Alter vum Verstuerwene wéinst engem redaktionelle Mëssel net korrekt ugewise ginn.