Reaktioun op d'Kritik vum SYFELKeen Agrëff an Autonomie vu Gemenge bei Kierch a Glawen

Roy Grotz
D'Konditiounen, wéi eng Kierch oder Kapell vun enger Gemeng zur Verfügung gestallt gëtt, si gesetzlech gereegelt an domat kloer.
© RTL Archiv

Et gëtt keen Agrëff an d'Autonomie vun de Gemengen, wat d'Gestioun vu Kierchen a Kapellen ugeet. D'Konditiounen, wéi eng Kierch oder Kapell vun enger Gemeng zur Verfügung gestallt gëtt, sinn nämlech gesetzlech gereegelt an domat kloer. Sou reagéieren d'Ministere Bettel a Bofferding op rezent Kriticke vum SYFEL an der geschriwwener Press, dass et op kommunalen Niveaue géife Mëssstänn ginn.

D'Ministeren hiewen nach eemol ervir, datt wann d'Gemeng Proprietär vu Kierchegebaier ass, dës entweder ka gratis un de Kierchefong oftrieden oder dem Fong se zur Verfügung stellen, fir datt weider Zeremonien hei kënnen zelebréiert ginn. An deem Fall muss mam Fong eng Konventioun ofgeschloss ginn, déi bis zu 9 Joer lafe kann a wou d'Indemnitéit pro Joer ka bei bis zu 2.500 Euro leien.

Esou eng Konventioun mam Fong ofzeschléissen, ass fir d'Gemengen eng Obligatioun, déi och an engem rezenten Urteel vum Verwaltungsgeriicht confirméiert gouf.

De Ministere Bettel a Bofferding no wier de Montant vun dëser Entschiedegung gesetzlech gereegelt a géif enger Moyenne vu 5 Euro d'Joer a pro Meter-Carré Fläch vum Kierchegebai entspriechen.

Hei déi entspriechend parlamentaresch Fro mat der Äntwert als PDF.

Back to Top
CIM LOGO