Oppene Bréif vun iraneschem KënschtlerKéint ee Ministeren net duerch kënschtlech Intelligenz ersetzen?

Claudia Kollwelter
Dat ass eng vun de Froen, déi den iraneschen Artist Alborz Teymoorzadeh am oppene Bréif opwërft, deen hien un de Premier Luc Frieden adresséiert huet.

Den Mann aus dem Iran, deen op der UNI.lu e Master an der Architektur gemaach huet, hat Lëtzebuerg jo ugangs Oktober misste verloossen. Seng Openthaltsgeneemegung als onofhängegen Artist war nämlech refuséiert ginn.

Ministeren duerch KI ersetzen

Den Alborz Teymoorzadeh schreift, hie géif d’Gesetz ganz gutt verstoen, wéisst awer och vun enger gewësser Flexibilitéit, déi ee kéint applizéieren. E Gesetz wier eng Infrastruktur an eng Richtlinn, déi mënschlech Experienz an Interpretatioun bréicht. Wann d’Positioun wier, datt e Gesetz uniform fir jidderee misst applizéiert ginn, géif hie sech froen, ob et net méi effikass, käschteneffizient a méi séier wier, wann ee Ministeren duerch fortschrëttlech maschinell Léiermodeller géif ersetzen.

Wa mënschlech Observatioun, Recherche an Interpretatioun net néideg wieren, da kéint d’Technologie dem Grand-Duché méiglecherweis méi e groussen ekonomesche Wäert bréngen.

Luc Frieden géing net zu Wuesstem vu Lëtzebuerger Kultur bäidroen

D’Nouvelle, datt den iranesche Kënschtler Alborz Teymoorzadeh keng nei Openthaltsgeneemegung krut a Lëtzebuerg verlooss huet, hat jo fir vill Kritik gesuergt. Den Artist, een vun der Kulturfabrik eng Aarbecht krut, krut vu ville Leit aus dem Kultursecteur de Réck gestäipt. Elo huet de Kënschtler selwer an engem oppene Bréif un de Premier Luc Frieden reagéiert. Hien hätt bis haut keng appropriéiert, logesch oder diplomatesch Äntwert vum Ministère krut.

Hien hätt d’Dokumenter agereecht fir eng Openthaltsgeneemegung als Independant, well hien dee Moment schonn Deel vun der Lëtzebuerger Konschtzeen an der Gesellschaft gewiescht wier a sech “doheem” gefillt hätt, erkläert hien a sengem Schreiwes. Hien hätt net wëllen zu Lëtzebuerg bleiwen, well hie finanzielle Support gebraucht hätt oder d’Lëtzebuerger Nationalitéit, mee well hie Potential an der räicher an diverser Kulturlandschaft vum Land gesinn hätt.

Den Alborz Teymoorzadeh betount dofir och an Zukunft weider mat Lëtzebuerger Kënschtler an Institutiounen ze schaffen, egal wou hie geografesch dru wier. Och wann hie méiglecherweis an Zukunft eng aner Nationalitéit kritt, géif hien ëmmer als “Iranian visual artist” gesi ginn. A sengen Aen ass et awer gutt méiglech, datt de Luc Frieden de Leit an Erënnerung bleift als een, deen net dozou bäigedroen huet, datt d’Lëtzebuerger Kultur konnt wuessen. De Kënschtler ënnersträicht e puer Mol am oppene Bréif, datt et him net konkret ëm säi Fall geet, mee allgemeng ëm Prinzippien, ëm d’Wichtegkeet vu Konscht a Kultur.

PDF: Den oppene Bréif vum Alborz Teymoorzadeh un de Luc Frieden kënnt Dir hei liesen.

Back to Top
CIM LOGO