Europäesch Defense-StrategieKéint Lëtzebuerg nei Entreprisen am Verdeedegungssecteur unzéien?

Anne Wolff
Fir de Marché ze dynamiséieren, si fir d’Joren 2025 bis 2027 1,5 Milliarden Euro aus dem EU-Budget virgesinn.
Kéint Lëtzebuerg nei Entreprisen am Verdeedegungssecteur unzéien?
Fir de Marché ze dynamiséieren, si fir d’Joren 2025 bis 2027 1,5 Milliarden Euro aus dem EU-Budget virgesinn.

Wéi kann Europa sech besser verdeedegen an d’Rüstungsindustrie fërderen? Déi Fro soll elo déi éischt Strategie fir d’Verdeedegungsindustrie (EDIS- European Defence Industrial Strategy) beäntwerten.

D’Defenseministesch Yuriko Backes huet um Méindeg de Moien déi grouss Linnen dovu virun de concernéierte Chamberkommissiounen erkläert. “Och mir hunn Entreprisen, déi an deem Beräich (Defense. N.d.l.r) aktiv sinn, lo musse mir kucken, dass och déi deelhuelen. Mir mussen och kucken, dass mir méi zesummen akafen.”

Eng Pist wier et och, nei Entreprisen an deem Secteur unzezéien. Wéi eng dat sinn, do wollt d’Ministesch sech am Interview net festleeën. Et géif een u “ville Piste” schaffen. An engem Joer géif een do de Bilan zéien.

Den DP-Europa-Deputéierte Charel Goerens war och an der Kommissioun. Hie gesäit déi uviséiert europäesch Koordinatioun kritesch. Och wann de Wëllen deelweis do wier, géifen et vill international Inconnuen, soudass hien “net emol virsiichteg optimistesch” wier.

De Meris Šehović (déi Gréng) gesäit d’Noutwennegkeet vun enger Strategie, gëtt awer ze bedenken, dass d’Länner souwisou scho vill Suen ausginn. Et misst ee kucken, dass een déi och effizient notzt an dass déi Suen net nëmmen an déi grouss Länner ginn, mee och zu Lëtzebuerg Entreprisen dovunner profitéiere kéinten.

De Georges Engel (LSAP) hält et fir méiglech, dass Lëtzebuerg an Zukunft weider am Beräich Loftofwier Entreprisen unzitt, zum Beispill an der Produktioun vun Dronen.

Wat gesäit d’Strategie vir?

D’Strategie soll den éischte Schratt vun engem méi laangfristegen Effort sinn, fir déi europäesch Verdeedegungsstrategië besser ze koordinéieren an de bannen-europäesche Verdeedegungsmarché ze dynamiséieren. Iwwert dem Krich an der Ukrain gouf jo ëmmer nees d’Verdeedegungsbereetschaft vun der Unioun diskutéiert an et stoung d’Fro am Raum, wéi effikass ee sech iwwerhaapt verdeedege kann.

Déi europäesch Staate sollen hir Investissementer dofir besser koordinéieren, fir d’Liwwerketten ofzesécheren a Partnerschaften opzebauen.

Edis definéiert och e puer Ziler bis 2030, un deenen d’Memberstaate sech orientéiere sollen:

  • Den EU-interne Verdeedegungshandel soll op d’mannst 35 Prozent vum Verdeedegungsmarché ausmaachen
  • Op d’mannst 40 Prozent vun de Verdeedegungsmëttel sollen zesumme kaaft ginn
  • D’Memberstaate solle bis 2030 op d’mannst 50 Prozent vun hirem Defense-Budget an der EU asetzen, bis 2035 sollen et 60 Prozent sinn
Back to Top
CIM LOGO