Réckruff DelhaizeKéis "Bio Comté AOP" wéinst Presenz vun E.-coli-Bakterien zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
Betraff sinn d'Päck, déi tëscht dem 20. August an dem 26. September 2024 verkaf goufen an en Oflafdatum op de 7. Oktober 2024 hunn.

Mëttlerweil goufen all déi betraffe Produiten aus de Regaler geholl.

Leit, déi dee Produit kaf hunn, sollen de Kéis net iessen, ma en zeréck an de Buttek bréngen. Si kréien dann och hir Suen zeréck.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO