
Bei de Plagë Rommwiss a Buerfelt dierf een erëm an d‘Waasser goen. Hei waren d‘lescht Woch jo Bloalgen nogewise ginn. Déi sinn awer elo fort, huet d‘Waasserwirtschaftsamt e Mëttwoch den Owend wësse gedoen. Well d‘Temperaturen erëm gefall sinn, wieren och d‘Cyanobakterien am Waasser zeréckgaangen.