Asaz vu Spezialunitéit vun der PoliceKeng Gefor duerch verdächteg Posch, Strooss am Rollengergronn rëm op

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochmëtteg gouf et en Asaz vun der Spezialunitéit vun der Police am Rollengergronn, nodeems hei eng verdächteg Posch fonnt gi war.
Asaz vun der Spezialunitéit vun der Police am Rollengergronn
E Mëttwochmëtteg ass et am Rollengergronn an der Stad zu engem Asaz vun der Spezialunitéit vun der Police komm.

Wéi d’Police schreift, wier hinne géint 10.30 Auer eng Posch an der Rue Jean-François Boch am Rollengergronn gemellt ginn, déi Kengem gehéiere géing.

Nieft Poliziste war och d’Spezialunitéit vun der Police am Asaz, fir déi néideg Kontrollen duerchzeféieren. Als Sécherheetsmoossnam war déi betreffend Strooss gespaart.

Nodeems d’Iwwerpréiwungen erginn hunn, datt vun der Posch keng Gefor ausgeet, ass d’Rue Jean-François Boch rëm fir de Verkéier opgaangen. D’Posch gouf vun der Police mat ewech geholl.

Back to Top
CIM LOGO