
Wärend d’Bauerenzentral 39,54 Prozent krut, kënnt d’Lëscht 3. “Aktiv Bauere fir eng staark Landwirtschaft” op 33,24 Prozent (fënnef Sëtz), d’Lëscht 1. “Zesumme méi staark”, op där Kandidate vun der Bauerenallianz an dem Fräie Lëtzebuerger Bauereverband kandidéiert hunn, beleet mat 27,22 Prozent a véier Sëtz déi drëtten a leschte Plaz. Et konnt also keng Lëscht déi absolut Majoritéit erreechen. Fir de Secteur agricole sëtzen nämlech 15 effektiv Memberen an der Chambre d’agriculture, dobäi kommen nach eng Kéier 15 Ersatzmemberen. Knapp 4.200 Leit waren opgeruff, ze wielen, den Taux de Participation louch bei ronn 79 Prozent.
2019 gouf et keng Walen, well sech deemools just eng Lëscht presentéiert hat. Just eng Lëscht gouf et dëst Joer iwwerdeems och nees bei de Gäertner an och bei de Wënzer. Sou ass d’"Lëtzebuerger Gäertnerlescht” an Zukunft mat engem an d’"Wënzerlescht” mat dräi effektive Membere vertrueden.
Ob den aktuelle President vun der Chambre d’agriculture, Guy Feyder, deen déi meeschte Stëmme krut, dee Posten nach eng Kéier iwwerhuele wëllt, konnt hien op RTL-Nofro hi weder confirméieren nach dementéieren. Et misst ee sech lo mol zesummesetzen a matenee schwätzen. D’Plenière vun der Landwirtschaftskummer soll den 29. Mäerz beienee kommen.