
Esou wiere mat knapp 100 Patienten, positiv op Covid getest an iwwer 4 Woche gezielt goufen, quasi genee esou vill Leit krank, wéi zejoert.
Zum Verglach: am Dezember zejoert haten et iwwert de Mount Dezember eng 300 eeler Leit ginn, déi positiv op Corona getest gi waren - dëst war deemno eng gréisser Well vu Covid-Fäll.
Eng Covid-Infektioun bleift iwwerdeem eng Krankheet, déi obligatoresch muss deklaréiert ginn - fir CIPAen an aner Strukture gëllen aktuell awer keng speziell Bestëmmungen, ausser d’Recommandatioun, datt sech ufälleg Leit sollen impfe loossen. De Conseil supérieur vun den ustiechende Krankheete recommandéiert eng eenzel Dosis vum Anti-Covid-Vaccin.
Dës Informatioune liwweren d’Ministeren Deprez an Hahn op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Closener an Di Bartolomeo.