13 nei PetitiounenKeng staatlech Konten op X a Referendum iwwer d'Ëffnungszäite vun de Butteker

RTL Lëtzebuerg
Vun e Freideg u kann een op petitiounen.lu 13 nei Petitiounen ënnerschreiwen, déi déi verschiddenste Virschléi aus der Gesellschaft erëmspigelen.

Eng vun de Petitioune fuerdert, datt de Staat quasi all seng Accounten op X zoumécht a selwer probéiere misst, netkommerziell Plattformen ze promouvéieren. An enger weiderer ass et d’Propos, fir de Chèque service fir d’Crèchen hei am Land eropzesetzen an esou den Elteren ze hëllefen.

Fir méi sozial Gerechtegkeet setzt sech eegener Ausso no dann eng Petitioun an, déi fuerdert, datt d’Strofen hei am Land dem Revenue ugepasst ginn. Dem finneschen oder schwedesche Modell no soll een dann also, wat ee méi verdéngt, och méi bezuelen, esou datt jiddereen d’Strof änlech soll am Portmonnie spieren. Net d’Politik, d’Gewerkschaften oder de Patron sollen dann decidéieren, ob d’Butteker all Sonndeg dierfen op sinn, mä dat soll per Referendum entscheet ginn, esou d’Zil vun enger weiderer Petitioun, déi een nach déi nächst 42 Deeg ënnerschreiwen dierf.

Fir méi Sécherheet a manner Strofen duerch de Rout-Luucht-Radar soll dann eng méi laang “Orange"-Phas bei de Roude Luuchte suergen, fënnt e weidere Petitionär. An dat neit Cannabis-Gesetz ass da vun nach enger Petitioun viséiert: Hei ass et d’Fuerderung, datt de medezinesche Cannabis weider wéi bis ewell soll kënnen ze kréie sinn an och, datt de Patient de Choix huet, ob hie léiwer Bléien oder Ueleg soll kréien.

Den Iwwerbléck vun den neie Petitiounen.

3516: Keng staatlech Accounts méi op X/Twitter - Benotzen a promouvéiere vun net-kommerzielle Plattformen
3504: Öffnung der Archive in Bezug auf die luxemburgische Kollaboration mit den Nazis.
3495: Augmentation du chèques service d état pour les crèches au Luxembourg aider les parents.
3494: Bessere Schutz für Patienten gegenüber der CNS (Kontrollärztlicher Dienst)
3492: Contravention ajustées en fonction du revenu
3491: Contre LuxTrust Mobile, la centralisation croissante des services publics dans le smartphone et la marchandisation de l’accès citoyen
3489: Organiser un référendum sur la question pour ou contre l’ouverture systématique des magasins le dimanche
3481: Lutter contre l’absentéisme abusif par des mesures de renforcement des contrôles voire de sanction.
3478: Prolonger la phase ‘orange’ des feux de signalisation pour augmenter la sécurité routière et éviter des procès verbaux des radars ‘feu et vitesse’
3475: Pas de perte de salaire, lorsqu’ une entreprise demande un chômage partiel pour difficultés économiques
3470: Géint dat neit Gesetz iwwer den therapeutische Cannabis a fir d’Erhale vum Choix fir de Patient zwëschent dem Ueleg an de Bléien.
3464: Pour la reconnaissance du permis B100 - 125cm3 à l’étranger
3469: Bausparvertrag (contrat d’épargne-logement) : possibilité d’en faire bénéficier ses enfants

Back to Top
CIM LOGO