No Ouverture um BelvalKFC annoncéiert fir dëst Joer zwee nei Restauranten zu Capellen an an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Den éischte KFC am Land hat jo am Oktober zejoert seng Dieren am Belval Plaza opgemaach, elo sollen nach dëst Joer zwee nei Standuerter dobäikommen.
© JAKUB PORZYCKI / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Dat an der Industriezon zu Capellen am September an an der Avenue de la Gare an der Stad am November. De Restaurant zu Capellen soll dobäi den alleréischten Drive-In-Restaurant vun der Fast-Food-Chaîne am Land ginn.

Wéi et vu KFC an engem Pressecommuniqué heescht, sollen dës Ouverturen honnerten nei Aarbechtsplaze schafen.

Liest hei den offizielle Pressecommuniqué.

(12.07.2024) KFC kënnt op Lëtzebuerg: An 10 Restaurante solle 600 Aarbechtsplazen entstoen

Back to Top
CIM LOGO