
D’Kierch vun Nidderkuer huet de vill Reen am fréie Summer net gutt verdroen. Beim Iwwergang tëschent Daach a Mauer war Waasser an d’Kierch eragelaf. Dee Waasserschued sollt nach gréisser Konsequenze kréien, déi awer eréischt no der Summervakanz opgefall sinn.
Nodeems d’Kierch am August net genotzt an deemno och net gehëtzt gouf, war eng Sail massiv vu Schimmel befall. An de Wochen duerno huet sech erausgestallt, dass net nëmmen eng Sail betraff war, mee, dass de Schimmel sech mëttlerweil bis op den Ducksall erop verbreet huet.
Mëtt Oktober gouf déi lescht Mass an der Nidderkuerer Kierch gefeiert. Enn Oktober hunn déi Responsabel d’Decisioun geholl, d’Kierch komplett ze spären.
“Si ass hermetesch zou, well mir de Gesondheetsrisiko am Moment net ofschätze kënnen”, erkläert de Gérard Kieffer, Pressespriecher vum Bistum. An den nächsten Deeg soll den Daach gefléckt ginn. Duerno eréischt sollen d’Spezialisten de Schimmel analyséieren, fir erauszefannen, wéi geféierlech dass e wierklech ass. De Bistum rechent domadder, dass d’Resultater vun deenen Analysen Ufank Dezember virleien.
De Porte-parole Gérard Kieffer ass fir de Moment net ganz optimistesch, dass d’Nidderkuerer Kierch erëm séier fir de Public opgeet. De Bistum geet dovunner aus, dass egal wéi opwänneg Sanéierungsaarbechten néideg sinn an, dass fréistens an engem hallwe Joer erëm Massen an der Kierch organiséiert kënne ginn.
Bis dohinner ginn d’Gottesdéngschter an d’Kierch um Fousbann verluecht.