
Heibäi gouf eng gréisser Quantitéit Cannabis séchergestallt - ee Kilogramm - grad wéi bal 15.000 Euro Boergeld a verschidden Utensilien.
Op Uerder vum Parquet Dikrech goufen dräi Persoune wéinst Verstouss géint d’Drogegesetz festgeholl. Si haten den 30. Oktober scho Rendez-vous viru Geriicht an koumen uschléissend an Untersuchungshaft.