
Déi 75 Joer al Kinnigin huet zanter 2017 nom Doud vun hirem Papp d‘Kroun iwwerholl. Zwar huet si den Titel vun der Kinnigin a setzt sech och mat hirer karitativer Aarbecht fir d’Land an d’Vollek an, ma zanter 1947 gëtt et a Rumänien awer keng Monarchie méi. Fir eng Stonn war si op Besuch, gouf vum klengen Cleopatra, dat och rumänesch Originnen huet, begréisst an duerno ass et weidergaangen an de Festsall, wou déi Jonk sech et net huele gelooss hunn, fir dem besonnesche Gaascht e Gedicht virzedroen, ma och musikalesch ze weisen, wat si bis elo geléiert hunn.
Duerno huet d’Kinnigin och nach e puer Wierder un déi rumänesch Schüler a Schülerinnen, wéi och hir Elteren, déi fir dëst speziellt Evenement invitéiert waren, geriicht, ier se sech de Rescht vun der Schoul konnt ukucken. A si souz schonn am Auto fir fort, wéi déi aner Kanner, déi grad Paus haten, hir gewonk hunn a si sech extra nach eemol Zäit geholl huet, fir e puer Wierder mat hinnen auszetauschen.
D’Margarete an de Prënz Radu hunn um Dënschdeg iwwerdeems eng Konferenz am Institut Pierre Werner gehalen.