
E Freideg, 1. November um 8 Auer moies goufen hei nämlech zwou Persoune gemellt, déi versicht haten, illegal an en Auto eranzekommen. Zu Waasserbëlleg du konnten déi Zwee vun der Police gestallt ginn. Bei der Kontroll koum raus, dass ee vu Béiden eng gréisser Quantitéit Zigaretten op sech hat, déi wuel mat enger geklauter Kreditkaart bezuelt goufen.
Déi zwee Verdächteger konnten dunn och nach mat engem Abroch an en Auto virdrun zu Gréiwemaacher a Verbindung bruecht ginn. De Parquet huet d’Festnam vun deenen Zwee ordonéiert a koumen nach den Dag selwer virun den Untersuchungsriichter.
Zu Rëmeleng gouf e Freideg dann en Abroch en engem Haus gemellt. D’Abriecher konnte vun de Polizisten sur Place iwwerrascht ginn, ma enger Persoun war et gelongen, fir fortzelafen. Deen zweete presuméierten Täter gouf gestallt a koum op Uerder vum Parquet an de “Centre socio-éducatif de l’Etat”. D’Saachen déi geklaut sollte ginn, goufe séchergestallt, d’Ermëttlunge lafen.
Géint Mëtternuecht an der Nuecht op e Samschdeg gouf d’Police wéinst enger Kläpperei an engem Café an de Stater Garer Quartier geruff. Déi zwee Männer goufe vunenee getrennt, ma ee vu béiden huet sech de Beamten géigeniwwer extrem aggressiv verhalen. Well dës Persoun och ze vill gedronk hat, sollt se fir hir eege Sécherheet an Arrest kommen, nodeems en Dokter eng Kontroll duerchgefouert hat. Ma bei der Kontroll sinn eng gréisser Quantitéit Droge séchergestallt ginn. Dës goufe séchergestallt, de Mann gouf protokolléiert.