D'Police deelt matKläpperei op der Fouer an Déifstall zu Esch

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg hate sech e puer Leit op der Schueberfouer an d'Hoer kritt.

Eng Patrull vun der Police ass op d’Plaz gefuer, fir an dëser Saach ze ermëttelen. Et huet sech erausgestallt, dass als éischt zwou Persoune Sträit matenee kruten. Doraus hätt sech dann eng Kläpperei mat e puer Persounen entwéckelt.

En Donneschdegowend gouf dann eng Persoun um Escher Gaalgebierg iwwerfall. Dräi Täter hate si menacéiert an hir d’Posch geklaut. Duerno si si fortgelaf.

Back to Top
CIM LOGO