
Wéi d’Police op d’Plaz koum, hunn d’Beamte festgestallt, dass ee vu béide Männer eng Schnëttwonn um Réck hat. Wéi et schéngt war hie wärend der Ausenanersetzung an eng Schierbel gefall. Déi zweet implizéiert Persoun war alkoholiséiert an huet sech och vun de Beamten nëmme schwéier berouege gelooss. Dowéinst huet hien d’Nuecht an Arrest verbruecht.