
Esou ënner anerem géint 3 Auer zu Esch-Uelzecht. Hei hate sech fënnef Persoune virun engem Café an d’Hoer kritt. Wéi d’Police op d’Plaz koum, hu sech déi concernéiert Persoune géigeniwwer de Beamte wéineg kooperativ gewisen. Eng Persoun ass géigeniwwer de Polizisten esouguer aggressiv ginn. Well si wéinst hirem alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner war, koum si no enger medezinescher Kontroll an den Arrest.
Ongeféier zur nämmlechter Zäit krut d’Police dann en Abroch an e Café zu Péiteng gemellt. Et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet an d’Brigange konnte fonnt ginn, déi geklaute Saache goufen net wäit fort séchergestallt. Ee vun den zwee Abriecher koum op Uerder vum Parquet an Untersuchungshaft. Deen aneren, deen nach mannerjäreg war, koum an de Centre socio-éducatif op Dräibuer.
Iwwerdeems krut d’Police an der Nuecht op e Sonndeg 41 Fäll gemellt, an deenen d’Nuetsrou gestéiert gouf. An de meeschte Fäll konnt d’Saach op der Plaz geléist ginn oder et war kee Kaméidi méi ze héieren, ewéi d’Beamten op der Plaz agetraff sinn.