
Eng Patrull ass op d’Plaz gefuer a konnt déi zwee am Kader vun enger Enquête untreffen. Wéi d’Beamten d’Männer kontrolléiert hunn, hu si bei engem vun hinnen eng kleng Quantitéit Haschisch fonnt. Et gouf e Rapport geschriwwen.
En Dënschdeg den Owend krut d’Police dann eng Kläpperei tëscht zwee Männer bei der Gare zu Lëntgen gemellt. Eng Patrull vun der Police huet déi zwee op der Plaz ugetraff. Ee vun hinne koum fir eng Kontroll an d’Spidol. Op Uerder vum Parquet hunn d’Beamten e Rapport geschriwwen.