PoliceKläppereien, Alkohol um Steier an Abréch

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg hat d'Police et mat Kläppereien, Alkohol um Steier an Abréch ze dinn.

D’Police mellt nees eng ganz Rei Kläppereien an der Nuecht op e Sonndeg uechter d’Land. An der Uewerstad, net wäit vum Fëschmaart, op der Fouer an zu Clierf hu sech verschidde Leit zerschloen. An de meeschte Fäll konnten d’Beamten op der Plaz awer näischt méi dovu gesinn oder d’Situatioun klären. D’Affer kruten allkéiers d’Méiglechkeet, Plainte ze maachen.

E Samschdeg am Nomëtteg krut zu Schëffleng en Automobilist, deen ze déif an d’Glas gekuckt hat, de Permis ewechgeholl. An an der Nuecht op e Sonndeg war e Mann alkoholiséiert mat sengem Vëlo ënnerwee an huet dobäi och nach um Handy gespillt a war op der Géigespuer bal an e Policeauto gerannt.

Donieft gouf et och nach eng Partie Abréch, dat an der Stad, zu Walfer, zu Lëntgen an zu Riedgen. D’Spueresécherung war op der Plaz. D’Police rappelléiert an deem Kontext nach eemol, wat ee maache kann, fir Abréch ze verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO