Vill ze di fir d'PoliceKläppereien, Menace mat engem Messer an Abréch

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg an um Sonndegmoien, waren d'Beamte vun der Police bei enger Partie Tëschefäll am Asaz.

An der Nuecht huet e jonke Mann an de Rives de Clausen an der Stad randaléiert. Ewéi d’Sécherheetsagenten hien doropshin opgefuerdert hunn, d’Plaz ze verloossen, huet hien d’Beamten als éischt mat engem Messer menacéiert an ass duerno fortgelaf. Eng Patrull vun der Police konnt de Mann schliisslech stellen an d’Beamten hunn hie fir eng Kontroll mat op de Policebüro geholl. Well hie wéinst sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner war, huet hien d’Nuecht am Arrest verbruecht. D’Messer gouf saiséiert.

Iwwerdeems sinn e Samschdegowend op engem Evenement zu Ëlwen zwou Persounen uneneegeroden. Wéi d’Beamte vun der Police op der Plaz ukomm sinn, hu si déi zwee Männer, déi amgaange waren, openeen anzeschloen, versicht vuneneen ze trennen. Dobäi goufen déi zwee Poliziste liicht blesséiert. Et gouf eng Plainte wéinst Rebellioun gemaach.

Um 7 Auer e Sonndegmoie krut d’Police dann e Sträit tëscht véier Persounen an der Rue Joseph Junck an der Stad gemellt. Op der Plaz konnten d’Beamten dräi Persounen untreffen. Eng vun hinnen huet e Messer gezéckt an huet missen immobiliséiert ginn. Allen dräi goufe schliisslech mat op de Policebüro geholl. Hei huet sech am Laf vum Moien och eng véiert Persoun presentéiert, déi Schnëttwonnen hat. D’Rettungsdéngschter goufen informéiert an de Mann ass no enger éischter Behandlung op der Plaz an d’Spidol transportéiert ginn. De Parquet gouf iwwert den Tëschefall informéiert.

Schliisslech krut d’Police an de leschte Stonnen eng Partie Abréch gemellt. Dat um Belair, zu Ierpeldeng, Miersch, Schëffleng an Nidderfeelen.

Back to Top
CIM LOGO