ZukunftsfongKleng a mëttel Betriber bei innovative Projeten ënnerstëtzen

Jean-Marc Sturm
Déi zweet Versioun vum Luxembourg Future Fund soll duerch d'Ënnerstëtze vu Betriber mat innovative Projete fir méi Diversifikatioun suergen.
© Envato

Déi zweet Versioun vum Zukunftsfong gouf zesumme mat der SNCI an dem europäeschen Investitiounsfong mat 200 Milliounen Euro gespeist. E soll als Finanzéierungsinstrument fir méi Diversifikatioun an Nohaltegkeet an der Lëtzebuerger Ekonomie suergen. Dat duerch d’Ënnerstëtze vu Betriber mat innovative Projeten. Wéi de Finanzminister Gilles Roth erkläert, soll et an éischter Linn drëm goen, d’Betriber bei der digitaler Transitioun ze begleeden: “Dat ka goe vu Robotik, dat ka goen iwwert d’Erneiere vun hiren Internetsystemer, mä dat kann awer och goe bis hin zur Kënschtlecher Intelligenz, fir dass déi Betriber och kënnen zukunftsträchteg weiderbestoen.

Als weideren Acteur beim Projet hëlt een och de Kapitalfong M80 mat u Bord. Deen investéiert an innovativ Firmen am Benelux wéi och a Frankräich. Et wéilt een net a Risiko investéieren, mä an de Potential vun existenten Entreprisen, erkläert de Wirtschaftsminister Les Delles: “Mir gesinn, dass den M80-Fong net nëmmen an d’Entreprise investéiert, mä och d’Entreprise mat begleet. Dat ass de wichtege Punkt an der Strategie, och vun der Regierung, fir d’Digitaliséierung weiderzebréngen, fir d’Robotiséierung weiderzebréngen, fir dass d’Entreprise méi kompetitiv ka schaffen.”

Esou eng Demarche mécht d’Diere bei de Banke méi einfach op a kann och bei der Transmissioun vun engem Betrib vun Notze sinn.

Zukunftsfong: Kleng a mëttel Betriber bei innovative Projeten ënnerstëtzen

Back to Top
CIM LOGO