
Wéi d’Police schreift, gouf hei d’Fënster vun enger klenger Camionnette futti geschloen an et gouf éischten Informatiounen no e Koffer mat Boergeld geklaut.
Et gouf direkt eng Sichaktioun no de flüchtegen Täter an d’Weeër geleet.

Aenzeien op der Plaz hate gemellt, dass d’Camionnette vu Brigangen iwwerfall gi wier, wéi Geldkassetten op engem Bancomat sollte gewiesselt ginn. Déi Informatioun konnt esou awer net vu der Police confirméiert ginn.
