VerwaltungsgeriichtKlo vun zwee Strummerte koum net zu Sprooch, well Haaptprotagonist gefeelt huet

Jean-Marc Sturm
U sech hätt et e Mëttwoch de Moien um Verwaltungsgeriicht um Référé sollen ëm eng Klo vun zwee Strummerte géint de Staat goen.
© Céline Spithoven (Archiv)

Et geet hei ëm d’Decisioun vum Inneminister Léon Gloden zu Gonschte vum Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg, fir géint d’Heescherei um Stater Territoire virzegoen.

D’Affär koum awer net weider zur Sprooch, well de Riichter d’Affekoten direkt drop opmierksam gemaach huet, dass ee vun den Haaptprotagonisten an der ganzer Prozedur feelt an zwar d’Stad Lëtzebuerg.

Ob a wéi et viru Geriicht weidergeet, bleift ofzewaarden.

De Maître Frank Rollinger, deen déi zwee Strummerte vertrëtt, déi de Recours gemaach hunn, bleift derbäi, dass ee mam Heescheverbuet an der Stad iwwert d’Zil erausschéisst.

Extrait Maître Frank Rollinger

Dann hutt Dir ëmmer nees d’Aussoe vun de politesche Responsabel ,déi de Reglement wollten oder approuvéiert hunn, awer gläichzäiteg soen, déi einfach Heescherei ass op kee Fall viséiert. Meng Clienten, déi sinn do ganz kloer: Natierlech gi se all Dag opgefuerdert, sech ze hiewen, fortzegoen, de Becher ewechzemaachen.

Fir géint déi aggressiv Heescherte virzegoen, hätt een déi ëmstridden nei Texter net gebraucht. Do géif et scho méi laang eng juristesch Upak ginn, esou den Affekot.

Back to Top
CIM LOGO