E Mëttwoch gouf et fir knapps 3.800 Schüler aus de Lëtzebuerger Lycéeën eescht. De schrëftlechen Deel vun den Ofschloss-Exame huet ugefaang.
2.118 jonk Fraen an 1.630 jonk Männer sinn ageschriwwen fir d’Sessioun vun dësem Joer. Am Ganze sinn et der 1.700 am Classique an 2.050 am Generale. 15 vun hinnen hu sech an Owescoursen op d’Exame preparéiert.
Eng 1.600 Memberen an 260 Examenskommissioune verbesseren d’Epreuven.
RTL wënscht alle Schüler Bonne Chance.
Den Optakt hunn d’Haaptfächer gemaach. Nom Freideg ass eng Woch Vakanz, ier et mat weidere schrëftlechen Examen an den Oralen virugeet. Ëm Nationalfeierdag kommen dann d’Resultater eraus. Net nëmme fir d’Primaner selwer ass dës Zäit ëmmer spannend an opreegend.