Pommerlach a SchmëddKnauf Shopping-Zentere fir 165,75 Milliounen Euro verkaaft

Sarah Cames
An engem Communiqué huet déi belsch Immobilie-Grupp Nextensa matgedeelt, déi zwee Shopping-Zenteren un déi hollännesch Wereldhave-Grupp verkaaft ze hunn.
De Shopping-Zenter Knauf zu Huldang.
De Shopping-Zenter Knauf zu Huldang.
© Domingos Oliveira

Déi zwee Shopping-Zenteren am Pommerlach an zu Huldang hunn deemno fir 165,75 Milliounen Euro de Besëtzer gewiesselt. Vun Nextensa heescht et, d’Knauf-Zentere wiere mat der Zäit strateegesch manner wichteg fir si ginn. De Verkaf géif si iwwerdeems och finanziell besser stellen, esou datt si anere Projete kéinten nogoen.

Am Communiqué vu Wereldhave gëtt preziséiert, datt de Shopping-Zenter am Pommerlach vu Wereldhave Belgium iwwerholl gëtt, wärend de Knauf Shopping Schmëdd vun der Wereldhave N.V. kaaft gouf.

De Matthijs Storm, CEO vu Wereldhave a Wereldhave Belgium, sot zu der Transaktioun, de Kaf wier ee “wichtege Schrëtt”. Déi zwee Shopping-Zenteren hätten ee grousst Potential fir Wäert-Kreatioun a géifen Transformatiouns- an Developpementsméiglechkeete bidden.

Back to Top
CIM LOGO