
D’Koalitiounsgespréicher wiere produktiv gewiescht an hätte vill Gemeinsamkeete gewisen. D’Carole Hartmann (DP) léist den Yves Wengler (CSV) of a gëtt Buergermeeschtesch, wärend de Ben Scheuer (LSAP) éischte Schäffen an de Jean-Claude Strasser (LSAP) zweete Schäffe gëtt.
De Poste vum zweete Schäffen deelen sech d’DP an d’LSAP allerdéngs, esou datt en an der zweeter Hallschent vun der Legislaturperiod vun engem Vertrieder vun der DP wäert gefëllt ginn.
Klickt hei, fir op den RTL-Walsite ze kommen