OGBL deelt matKollektivvertrag bei SOCOM gouf ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Den neie Kollektivvertrag leeft iwwer 3 Joer a gëllt réckwierkend op den 1. Januar 2025.
© RTL-Grafik

Eng 750 Salariéë si betraff a si profitéiere jee no Anciennetéit a Secteur an deem se schaffen, vun Augmentatiounen am Salaire.

Dobäi kënnt och nach eng “Prime de départ à la retraite”, déi bei 2.000 Euro läit wann een op d’mannst 10 Joer do geschafft huet, bis zu 10.000 Euro wann een iwwer 30 Joer Anciennetéit huet.

Weider Informatioune ginn et am Pressecommuniqué vum OGBL.

Back to Top
CIM LOGO