Alkohol mat am SpillKollisioun op der Streck Fëlschdref - Siren

RTL Lëtzebuerg
E Freideg géint 16.40 Auer gouf et um CR162 tëscht Fëlschdref a Siren an Accident tëscht engem Auto an enger Camionnette.
© RTL-Archiv

Kuerz hanner Fëlschdref hat eng Automobilistin d’Kontroll iwwert hiren Auto verluer a war an de Géigeverkéier geroden. Hei koum et zu enger Kollisioun mat enger Camionnette. Béid Gefierer sinn an de Gruef geschleidert ginn, woubäi d’Camionnette ëmgekippt ass.
De Bäifuerer aus der Camionnette gouf nach op der Plaz behandelt a koum duerno fir eng Kontroll an d’Spidol.

Béid Chauffere bloufen onverletzt.

Den Alkoholtest bei der Automobilistin war positiv, allerdéngs ënnert 1,2‰.

De Schued u béide Gefierer war grouss.

Alkoholkontroll op Uerder vum Parquet - 5 Führerschäiner agezunn

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg huet d’Police tëscht 23 Auer an 3.45 Auer an der Stad an zu Izeg Alkoholkontrollen duerchgefouert.

Alles an allem goufen 143 Automobiliste kontrolléiert. An 8 Fäll war den Alkoholtest positiv an et gouf e Protokoll geschriwwen. A 5 Fäll gouf de Führerschäin nach op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO