
Béid Gefierer goufen duerch den Opprall an de Summerwee geschleidert.
Éischten Informatiounen no goufen zwou Persoune verwonnt. D’Streck huet wärend den Opraumaarbechte musse komplett fir den Trafic gespaart ginn. Géint 16.25 Auer war et d’Informatioun vun der Police, dass eng Spuer nees op wier. Um Dënschdeg de Moie mellt d’Police, dass ee vun de Chaufferen ënner Alkoholafloss stoung an de Fürerschäin agezu gouf.
An och schonn am Virmëtten, géint 11.30 Auer hat et zu Angelduerf an der Route d’Ettelbruck gerabbelt. Och hei hate sech zwee Gefierer ze pake kritt, et ass eng Persoun blesséiert ginn.
Um 12.27 Auer koum et zu engem weideren Accident mat zwee Gefierer an der Gaasperecher Strooss zu Hesper, Blesséierter gouf et hei awer keng.
Um 15.40 Auer waren d’Rettungsekippe vu Mamer a Stengefort, wéi och zwee SAMUen aus der Stad an der Rue de la Liberation zu Mamer am Asaz. Hei ass eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn.
Um 16.32 Auer gouf et ganzer dräi Blesséierter bei engem Accident tëschent zwee Gefierer an der Réimecher Strooss zu Bous. Am Asaz waren d’Secouriste vu Réimech, Schengen, Diddeleng an och e Rettungshelikopter vun der Air Rescue.